KANDIDATUR FIR D'PRESIDENCE VUN DER CNEL 2026

D’CNEL méi no bei de Schüler

IWWERT DEN ALESSIO

De Mënsch hannert dem Kandidat

Ech sinn den Alessio, sinn 18 Joer al a wunnen zu Leideleng! Mäi Schoulwee huet mech duerch verschidde Lycéeë gefouert: vun 2021 bis 2022 am Lycée Michel Lucius, duerno vun 2022 bis 2024 an der École Privée Notre-Dame Sainte-Sophie an zanter 2024 an der École de Commerce et de Gestion, wou ech aktuell eng 2e Finance besichen.

Nieft der Schoul interesséieren ech mech besonnesch fir Educatioun a Politik. Ech hu gären alles, wat domat ze dinn huet: wéi eis Schoul an eis Gesellschaft funktionéieren, an ech sinn richteg begeeschtert, wéi ee Saache ka verbesseren!

A menger Fräizäit sinn ech awer gott sein Dank net nëmmen mat Schoul beschäftegt. Ech spille gär Fussball, Tennis a Padel, an ech kucken och immens vill Formel 1. Fir dräi Joer hunn ech och Dëschtennis gespillt, dat huet mir immens Spaass gemaach!

Dës Mëschung aus Schoul, Engagement, Sport a mengem Virwëtz fir aktuell Themen mécht mech aus, an ass och dat, wat mech mächteg motivéiert, mech weider anzebréngen!

a group of people holding up signs in the street
EIS DÄITLECH VISIOUN

Eng Stëmm fir jiddereen

Keng Decisioun iwwer Schüler gëtt méi ouni d’Schüler geholl. Mir maachen d'CNEL zu enger oppener an aktiver Plattform um Terrain.

Deng Iddi op den Dësch

Deng Meenung zielt am Lycée. Deel deng Virschléi an Iddien direkt mat eis fir d'Zukunft vun eiser CNEL.