


Mäi Wee
Meng Rees huet am Lycée ugefaang, wou ech séier gemierkt hunn, wéi wichteg et ass, datt Schüler eng Stëmm hunn an och gehéiert ginn. Vum Klassespriecher bis an de Schülercomité hunn ech mech dofir agesat, d’Interesse vu menge Matschüler ze vertrieden a konkret eppes ze beweegen.
Als Schülercomités President vum ECG konnt ech nach méi no un d’Realitéit an de Lycéeë kommen an erliewen, mat wéi enge Froen a Problemer Schüler all Dag konfrontéiert sinn. Duerch meng Aarbecht am Conseil Supérieur de l'Education Nationale an an der CNEL hunn ech du geléiert, wéi wichteg et ass, dës Stëmm och op nationalem Niveau ze vertrieden.
Mee ech hunn och gemierkt, datt nach ëmmer ze vill Distanz tëscht de Schüler an der CNEL besteet.
Elo ass et Zäit, dës Distanz ze reduzéieren an d’CNEL méi no bei d’Schüler ze bréngen.

Mäi Verspriechen
Direkt mat de Schüler schwätzen an um Terrain präsent sinn.
Ech wëll reegelméisseg an de Lycéeë präsent sinn, mat de Schüler direkt schwätzen an hir Problemer an Iddien aus éischter Hand kenneléieren. Esou kann d’CNEL besser verstoen, wat d’Schüler wierklech brauchen, an hir Stëmm méi staark vertrieden.
Hues du Froen un den Alessio?
Däi Lycée, deng Suerg, deng Iddi. Mir bréngen se op den Dësch. Schwätz mat eis!
