Är Stëmm, Eis Ziler

5 iDDIEN. 1 Zil.

Eng staark an aktiv Representatioun fir all Lycéeën. Lauschteren, vernetzen, handelen.

Eis 3 Grondpfeiler

Eng CNEL déi lauschtert, vernetzt an handelt.

Mir bauen eng Schülervertriedung op, déi wierklech d'Stëmm vun de Schüler ass. Duerch direkten Dialog an aktiv Participatioun.

LAUSCHTEREN

VERNETZEN

HANDELEN

Bei de Schüler an de Lycéeën um Terrain sinn. Mir huelen Är Suergen eescht.

Schülercomitéë stäerken an ënnereneen meeschteren. Zesummen si mir méi staark.

Aus Schüleriddi konkret Aktioune maachen. Är Virschléi ginn zu Reaktiounen.

— WAHLPROGRAMM 2026

KONKRET AKTIOUNE FIR D'SCHÜLER

Fënnef kloer a pragmatesch Fuerderunge fir de Schoulalldag vun de Schülerinnen a Schüler an alle Lycéeën ze verbesseren an eng dynamesch Vertriedung ze garantéieren.

01

PRÄSENZ

02

GESONDHEET

03

AUTONOMIE

D'CNEL um Terrain

Hëtzefräi ab 30 °C

Géint en allgemengt Handyverbuet

38 Lycéeën. Eng Stëmm fir all Schüler. Reegelméisseg Visitten an alle Lycéeë fir de Schüler direkt nozelauschteren, hir Problemer opzegräifen an hir Uleies zu konkrete Fuerderungen ze maachen.

Keng Hëtzschluecht am Klassesall! E kloeren Hëtzeplang mat engem Zil: Klimaanlagen an alle Lycéeën, wou et méiglech ass, an bei extremer Hëtzt de Cours bis zur Mëttegpaus limitéieren, fir d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun de Schüler ze schützen.

Smartphones verstänneg a pedagogesch sënnvoll integréieren amplaz vu pauschale Verbueter, déi d'Realitéit an d'Digitaliséierung ignoréieren.

04

MËTTELE FIR D'LYCÉEËN

05

D'CNEL ONLINE

Méi Budget fir d'Schülercomitéën

Eng digital Plattform fir all Schüler

Finanziell Mëttele substantiell erhéijen, fir datt lokal Schülercomitéen eegen Eventer, Workshops a Schoulprojeten ouni bürokratesch Hürden realiséiere kënnen.

Deng Stëmm soll gehéiert ginn! Eng Websäit, op där s du Problemer melle kanns, Iddien areeche kanns an d'Aarbecht vun der CNEL matverfollege kanns. Méi Matbestëmmung, méi Transparenz a méi direkten Austausch.

Deng Stëmm zielt. Maach mat!

Deng Iddien a Suergen sinn de Kär vun eiser Campagne. Gëff eis däi Feedback a hëllef d'Zukunft vun der CNEL ze gestalten.