






Wat eis beweegt
Deng Suergen, eis Prioritéiten
Wiederwiessel
Hëtzt an de Lycéeën
Wéi kënne mir e bessert Léierëmfeld schafen, och wann d'Temperaturen klammen? Léisunge fir méi kill Schoulen: Ventilatoren an all Schoul installéieren, de Kuer bis op d'Mëttegpaus limiteieren, a méi Schattensplazen um Campus schafen.
Zukunft formen
KI an der Educatioun
Ech sinn der Meenung, dass mir d’Potenzial vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Schoul effikass notze kënnen, ouni d’Kreativitéit ze verléieren. Mir sollten eng fair an effektiv Approche entwéckelen, déi d’Zukunft vun eisem Léieren an der Ausbildung verbessert.
Digital Liewen
Social Media Verbuet?
Ech si géint e pauschalt Social Media Verbuet fir Jonker ënnert 16 Joer. D’Risike vu Social Media si reell, mee e Verbuet eleng léist d’Problemer net. Mir brauchen méi Opklärung, Medienkompetenz a Schutz fir Jonker, amplaz nëmmen e Verbuet.
An d’Stëmm vun de Schüler muss bei esou Decisiounen dobäi sinn.
Wat ech scho beweegt hunn
Vun der Iddi zur Aktioun.
Nikotin-Sensibiliséierung
D’CNEL huet eng landeswäit Ëmfro mat 1.017 Schüler gemaach an op de staarke Konsum vun Nikotin-Pouches bei Jonken opmierksam gemaach. D’Zil war méi Opklärung, e bessere Schutz vu Mannerjäregen an eng méi staark Präventioun. Dës Aarbecht huet och zu weideren nationalen Sensibiliséierungsmoossnamen bäigedroen.
AI≠not human
Deng Iddi. Deng Stëmm. Eis Zukunft.
Deel dës Visioun mat dengem Schülercomité a loosst eis zesummen eng méi staark CNEL opbauen.


