Deng Stëmm

Wat géifs du änneren?

Däi Lycée, däin Thema, deng Iddi. Mir sinn hei fir ze lauschteren an deng Propositioune fir d'CNEL 2026 direkt op den Dësch ze bréngen.

Direkten Dialog

All Iddi um Dësch

Schüler solle net nëmme gefrot ginn, wann eng Decisioun scho gefall ass. Ech wëll en direkten an oppenen Dialog mat de Schüler an hire Schülercomitéen opbauen.

All Iddi, all Problem an all Virschlag verdéngt Gehéier. Zesumme kënne mir diskutéieren, Léisunge fannen an d’Stëmm vun de Schüler wierklech an d’CNEL bréngen.

Mell dech elo

Däin Impakt op d'CNEL

Schreiw eis wat an dengem Lycée schief leeft oder wéi eng Projeten dringend ëmgesat gi musse.

Eis Stëmm. Eis CNEL.

Zesummen maachen mir d'Schülerrepresentatioun zu Lëtzebuerg méi staark an am direkten Dialog um Terrain.