Hëtzt an de Lycéeën

Ze waarm fir ze léieren?

Alessio Paciotti

9/6/20261 min liesen

Wann et am Summer an de Klassesäll ze waarm gëtt, leiden dorënner d’Konzentratioun an d’Léierbedingungen. Fir mech kann et net sinn, datt Schüler vu Lycée zu Lycée ënnerschiddlech Reegelen hunn, wann d’Hëtzt ëmmer méi staark gëtt.

Ech si fir e kloren Hëtzeplang fir all Lycée. Wann d’Temperaturen ze héich sinn, muss et kloer Mesurë ginn: méi Pausen, Zougang zu Waasser, méi flexibel Aktivitéiten oder, wann et néideg ass, eng Upassung vum Schoulbetrib.

Et geet net drëm, bei all waarmen Dag d’Coursen ofzesoen. Et geet drëm, Schüler a Léierpersonal ze schützen an dofir ze suergen, datt Léieren och bei staarker Hëtzt méiglech bleift.

Mäi Standpunkt ass kloer: Keng improviséiert Léisungen, mee kloer Reegelen.