VieSo ass dat iwwerthapt nach e Fach?

Meng Kritik un de VieSo-Cours

9/6/20261 min liesen

red apple fruit on four pyle books
red apple fruit on four pyle books

VieSo: E Cours ouni kloere Kader

De VieSo Cours soll Schüler op d’Liewen an op d’Gesellschaft virbereeden. Mee haut feelt et un engem kloeren an eenheetleche Kader. Doduerch hu Proffen vill Fräiraum, fir selwer ze decidéieren, wat a wéi se de Cours behandelen.

Dat féiert dozou, datt Schüler vu Lycée zu Lycée, jo esouguer vu Klass zu Klass, ganz ënnerschiddlech Saache léieren. Déi eng schwätze méi iwwer Politik, déi aner iwwer Gesellschaft oder aktuell Themen an heiansdo gëtt eppes ganz anescht behandelt.

Fir mech ass dat e Problem. E Cours, deen op d’Liewe soll virbereeden, däerf net vum Zoufall ofhänken, wéi ee Professer een huet.

Ech sinn dofir, datt et e klore gemeinsame Kader a minimum gemeinsam Inhalter gëtt, dee fir all Schüler gëllt. Gläichzäiteg muss awer genuch Plaz bleiwen, fir aktuell Themen an Diskussiounen anzebauen.

All Schüler soll d’Chance kréien, dat selwecht Grondwëssen ze kréien. Egal a wéi engem Lycée oder bei wéi engem Professer.