Wahlrecht ab 16

16 Joer. Eng Stëmm déi zielt.

Alessio Paciotti

9/6/20261 min liesen

a person is casting a vote into a box
a person is casting a vote into a box

Ech sinn fir d’Wahlrecht ab 16 Joer.

Jonker sinn direkt vun de politeschen Decisioune betraff. Schoul, Ausbildung, Klima, Mobilitéit, Digitaliséierung an eis Zukunft sinn Themen, déi eis haut scho betreffen.

Ech verstinn d’Argument, datt een d’Wahlrecht och mat Verantwortung verbënnt. Genee dofir brauch et méi politesch Bildung a méi Méiglechkeete fir Jonker, sech mat Politik auserneenzesetzen.

Mee ech sinn iwwerzeegt, datt e 16-Järegen, dee sech informéiert an aktiv mat senger Zukunft beschäftegt, soll d’Recht hunn, seng Stëmm ofzeginn.

Demokratie heescht fir mech net nëmmen, Jonker ze froen, wat si denken. Demokratie heescht och, hinnen eng Stëmm ze ginn.